De Coding Lab gouf fir di éischte Kéier am Schouljoer 2017/18 ugebueden, deemools nach ënnert dem Numm «Web development». Dat kennt net vun ongeféier, programméiert gëtt bei eis haaptsächlech an der Programméier-Sprooch JavaScript.

Mëttlerweil huet de Coding Lab seng fest Platz am Sall B.2.38.

Firwat JavaScript?

Dat huet verschidden Grënn.

Als éischt emol en prakteschen : et brauch näischt extra um Computer installéiert ze gi. Déi Software déi fir den Ufank gebraucht gëtt – en Texteditor an e Browser – ass schonn op all Computer drop.

Deen zweeten Grond ass di (dach awer relativ onbekannten) Popularitéit vu JavaScript:

Quell: https://www.factarena.live/2020/02/top-10-programming-language-to-learn.html

JavaScript gëtt och mëttlerweil net méi just fir Websäiten benotzt, mee spillt bei der Server-Programmatioun (Node.js) an bei Microcontroller (Espruino, Tessel) eng emmer méi grouss Roll. Et gin och scho Frameworks fir Desktop-Applikatiounen mat JavaScript ze entwéckelen (Electron).

Workshops

Mir bidden verschidden Workshops un :

  • HTML/CSS : Basics vun HTML an CSS inklusiv « responsive design » an engem kuerzen Abléck an CSS Frameworks (Bootstrap)
  • JavaScript Basics : Variablen, Kontrollstrukturen (if/else, for), Funktiounen, Events.
  • JavaScript Game Development: Basic Spiller mat JavaScript an dem HTML Canvas-Element.
  • Database Design MySQL/PHP : Wéi späichert een Informatiounen op engem Server an stellt se op enger Internetsäit duer.

Showcase

Fir den Chrëschtmaart 2019 haaten eis Schüler verschidden Spiller passend zum Thema programméiert :

Um Fuerscherdaag 2019 war de Coding Lab direkt mat 2 Stänn vertrieden, déi e groussen Succès haten.

Am « Gaming Corner» konnten d'Schüler d'Spiller, déi am Coding Lab programméiert gi woren, testen :

photo_23-05-2019-_09_18_05.1054x0-is.jpg

Am Workshop « Meng éischt Internetsäit » konnten d'Schüler léieren eng Websäit mat Selfie ze erstellen, déi dann och direkt online wor :

photo_23-05-2019-_10_22_42.1254x0-is.jpg

Hei d'Spiller déi um Fuerscherdaag 2019 virgestallt goufen, alleguer am Schouljoer 2018/19 programméiert :

screenshot_2020-02-23_at_19_24_10.png

Downloads

Related posts