LEM.SCIENCE

FIRST Lego League am LEM

Nick Aschman 19 Jan 2020


E Samschdeg 18. Januar 2020 huet am Lycée Ermesinde di éischt Lëtzebuerger regional Finall vun der FIRST Lego League (FLL) stattfonnt.

Insgesamt 10 Equippe sinn am Lycée Ermesinde géinteneen ugetrueden, dorënner onst hauseegent LEMmings Robotics Team. Net nëmmen hunn d'LEMmings de Präis fir de beschte Roboter-Design kritt mee hunn och eng fantastesch zweet Plaz am Generalklassement erreecht. Domat hunn si sech qualifizéiert fir de 25. Januar 2020 mat op Breda (Holland) op d'Benelux Finall ze fueren.

D'FLL ass eng international Robotik-Competitioun déi sech u Jonker am Alter vu 9 bis 16 Joer riicht, an hinnen erméiglecht sech, mat der Ënnerstëtzung vun engem Coach, verschiddenen Aufgaben ze stellen. Andeems si mat konkrete Beispiller zu engem bestëmmten Thema konfrontéiert gi komme si a Kontakt mat Fuerschung, Problemléisung, Programmatioun an Ingenierie.

Klickt hei fir e kuerze Video vun RTL iwwert d'Evenement an hei fir en Artikel um Website vun EduMedia (Ministère de l'Éducation nationale de l'Enfance et de la Jeunesse).


Edited by Last modified on 17-11-2023

Copyright © 2020-2023 Lycée Ermesinde Mersch