LEM.SCIENCE

Drones in Precision Agriculture

Nick Aschman 08 Mar 2020


Am Kader vun de SHELDON Talks hat d'Entreprise Sciences den 28. Februar 2020 de Gilles Rock (Geograf a Matgrënner vu Geocoptix GmbH) invitéiert fir ons iwwert den Asaz vun Dronen an der Präzisiounslandwirtschaft ze erzielen.

Hien huet ons gewisen an erkläert wéi Dronen zum Beispill kennen dozou bäidroe fir Planzeschutzmëttel ze reduzéieren. D'Drone ginn dofir mat spezielle multispektrale Kamera'en a präzise GPS-Empfänger ekipéiert déi di néideg Date liwwere fir de Waasser- a Chlorophyllgehalt vun all eenzel Planz an engem Feld ze berechnen. Esou kann zum Beispill eng präzis Kaart generéiert gi vun all Onkraut dat musst bekämpft ginn, oder och vun all Secteur dee muss gedüngt ginn. Des Kaarte kënnen och direkt vu modernen automatiséierten Trakteren a Sprëtzen ausgewäert ginn.

A senger Firma erfuerschen an entwéckelen se och Methode fir verschidden Onkraut-Aarten unhand vu Bilderkennung an/oder Spektroskopie vuneneen z'ënnerscheeden. Dat géif dann erlabe fir engersäits d'Dosis vun de Planzeschutzmëttel unzepassen, mee awer och fir Breetspektrum-Planzeschutzmëttel (wéi zB den Herbizid Glyphosat) duerch méi onkrautspezifesch Mëttel ze ersetzen.

Geocoptix setzt Dronen awer och a fir präzis Ausmoossunge vun der Äerduewerfläch a vu Gebaier ze maachen. Hei kennt de Prinzip vun der Stereoskopie zum Asaz: Unhand vun zwou Fotoen, déi aus verschiddene Perspektive vum selwechten Objet geholl ginn, kann eng 3-dimensional Kaart berechent ginn. Si erreechen heibäi eng Opléisung vun ongeféier 2 cm an der Héicht.

No der Virstellung goufen et vill intressant Froen an eng spannend Diskussioun. Uschléissend huet de Paolo Tonino aus der Entreprise Sciences ons säin Travail personnel vum Schouljoer 2018/2019 virgestallt, fir deen hien eng Dron komplett selwer gebaut huet. Dem Paolo säin Trape kennt dir hei downloaden.



Edited by Last modified on 24-03-2023

Copyright © 2020-2023 Lycée Ermesinde Mersch