De Coding & Robotics Lab existéiert säit dem Schouljoer 2017/18, deemools nach ënnert dem Numm «Web development». Dat kennt net vun ongeféier, programméiert gëtt bei eis haaptsächlech an der Programméier-Sprooch JavaScript.
Mëttlerweil hu mir ons fest Plaz am Sall B.2.26.
Firwat JavaScript?
Dat huet verschidden Grënn.
Als éischt emol en prakteschen : et brauch näischt extra um Computer installéiert ze gi. Déi Software déi fir den Ufank gebraucht gëtt – en Texteditor an e Browser – ass schonn op all Computer drop.
Deen zweeten Grond ass di (dach awer relativ onbekannten) Popularitéit vu JavaScript:
Quell: https://www.factarena.live/2020/02/top-10-programming-language-to-learn.html
JavaScript gëtt och mëttlerweil net méi just fir Websäiten benotzt, mee spillt bei der Server-Programmatioun (Node.js) an bei Microcontroller (Espruino, Tessel) eng emmer méi grouss Roll. Et gin och scho Frameworks fir Desktop-Applikatiounen mat JavaScript ze entwéckelen (Electron).
Workshops
Mir bidden verschidden Workshops un :
- HTML/CSS : Basics vun HTML an CSS inklusiv « responsive design » an engem kuerzen Abléck an CSS Frameworks (Bootstrap)
- JavaScript Basics : Variablen, Kontrollstrukturen (if/else, for), Funktiounen, Events.
- JavaScript Game Development: Basic Spiller mat JavaScript an dem HTML Canvas-Element.
- Database Design MySQL/PHP : Wéi späichert een Informatiounen op engem Server an stellt se op enger Internetsäit duer.
Showcase
Fir den Chrëschtmaart 2019 haaten eis Schüler verschidden Spiller passend zum Thema programméiert :
Um Fuerscherdaag 2019 war de Coding Lab direkt mat 2 Stänn vertrieden, déi e groussen Succès haten.
Am « Gaming Corner» konnten d'Schüler d'Spiller, déi am Coding Lab programméiert gi woren, testen :
Am Workshop « Meng éischt Internetsäit » konnten d'Schüler léieren eng Websäit mat Selfie ze erstellen, déi dann och direkt online wor :
Hei d'Spiller déi um Fuerscherdaag 2019 virgestallt goufen, alleguer am Schouljoer 2018/19 programméiert :